21.6.2020 – Interview mam Bill Wirtz
Et ginn zwou Zorten vun der sougenannter Facial Recognition. Déi eng gëtt et scho méi laang, z.B. wann Dir um Fluchhafen ären Pass kontrolléiert kritt, da kuckt eng Kamera uewen op d’Bild op Ärem Pass mat Ärem Gesiicht iwwerteneen stëmmt. Déi Facial Recognition iwwer déi ëlo diskutéiert gëtt ass eng Datebank, wou d’Gesiichter gespäichert ginn an duerch déi mat Hëllef vun ëffentleche Kameraen gekuckt gëtt wou Dir wéini waart.
Als Member vum Kommitee fir Mënscherechter erklären ech, dass dëss Technologie an Europa net erlaabt ass.
« Op engem Punkt muss eis Gesetzgebung ganz kloër Garantien ginn, dass d’Benotzung vun der Gesiichtserkennung a kengem Fall ob eng Masseniwwerwaachung dierf iwwergoen. Mir wëssen wei geféierlech dat ka sinn. E Beispill, zu Hong Kong, ass d’Gesiichtsiwerwaachung esou géint Manifestanten benotzt ginn, dass se ugefaangen hunn Prabbelien an Masken unzedoen déi duerno vun den Autoritéiten verbuede gi sinn. »
An Amerika ass op Drock vun den Anti Rassismus Demonstratiounen en Ëmdenken. Firmen wei Microsoft, IBM an Amazon hunn gesot dass se keng Technologie verkafen bis e legalen Encadrement entsteet.
« Dës geet awer evidenterweis net duer, well et ginn aaner Firmen déi waerten weiderfueren. An et daerf och net sou sinn, dass dës Decisiounen an den Hänn vu Firmen sinn. Si mussen vum Legislateur décideiert ginn. D’Europäesch Unioun dierf elo keng Zäit bei der Gesetzgebung verléieren well d’Technologie geet weider, ob een wëll oder net.”
De ganzen Interview fannt Dir hei.