26.6.2020 – Luxembourg
Am Moment circuléiert eng Abberzuel vun Informatiounen, Falschinformatiounen a Gerüchter iwwert de COVID-19. D’Weltgesondheetsorganisatioun WHO bezeechent dat schonn als ‘Infodemie’.
Déi grouss Desinformatiouns-Campagnen, déi am Ëmlaf sinn, stellen awer e Risiko fir déi ëffentlech Gesondheet duer. Si stelle beispillsweis Mesuren, wéi d’Undoe vu Masken als sënnlos duer oder verkafen de Léit vermeintlech Wonnermëttel. Wärend d’EU mat enger gemeinsamer Strategie an enger Campagne op Desinformatioun réagéiert, ass eng politesch Reegelung a Klassifikatioun vun Informatiounen mat Schwieregkeete verbonnen.
Wéi a vu wiem dës Pandemie online ka bekämpft ginn, thematiséiere ech zesummen mam Karl Lauterbach (Member vum Bundestag – SPD) an Ranga Yogeshwar (Wëssenschaftsjournalist) an dësem EU-Talk.
