12.12.2020 – Luxembourg
Um Sommet vun den europäesche Staats- a Regierungscheffen dës Woch koum et net zu neie Sanktioune géint d’Tierkei.
Dem Land ënnert der Direktioun vum Präsident Erdogan gëtt virgeworf, am Mëttelmier d’Séi- a Loftgrenze vu Griicheland net ze respektéieren an och géint Uno-Resolutiounen ze verstoussen.
Et war näischt Neies an de Conclusioune vum Europäesche Conseil, dee sech bis Mäerz Zäit gëtt, fir sech nei Rapporten iwwer d’Tierkei unzekucken. Griicheland an Zypern haten no staarke Mesurë gefrot, déi awer net zeréckbehale goufen.
Wann d’Tierkei sech vun Uno-Resolutioune beaflosse loosse géing, da wier d’Situatioun an Zypern och net eskaléiert. D’Tierkei wier net ouni kloer Sanktiounen, och ekonomesch Sanktiounen, ze impressionéieren.
« Ech ginn d’Gefill net lass dass d’Tierkei mat der EU spillt an dass mir deem näischt entgéint halen. Ech sinn iwwerzeegt dass d’Tierkei nëmmen op reell Sanktiounen, ekonomesch Sanktiounen reagéiert, a mir dann eréischt eng Negociatiounsbasis hunn fir weider ze kommen. Ech erwaarden mir och dass D’EU Parlament méi kloer Fuerderungen huet an dass den Conseil och nach viru Mäerz Moossnamen ergräift déi iwwerzeegend kenne sinn. »
Déi Säit, déi sech fir méi diplomatesch Mesuren asetzt, huet dës Woch d’Iwwerhand behalen. Ob Ankara d’Verlängerung vum gudde Wëllen unhëlt an ob Konsens schafft, wäert sech iwwert déi nächst Méint musse weisen.
De ganzen Artikel vum Bill Wirtz fannt Dir hei op RTL.