20.11.2020 – Luxembourg

E Sonnde goufen am Kader vu neie Manifestatioune géint d’Regierung vum Alexander Lukashenko nees honnerte vu Leit festgeholl. No iwwer 100 Deeg zënter de Presidentschaftswalen am Belarus sinn d’Fronte blockéiert. D’Sviatlana Tikhanouskaya hat bei de Walen déi zweet Plaz erreecht, och wann net kloer ass wéivill Support all Kandidat krut, well d’Resultater international kontestéiert sinn. Si ass momentan am Exil, wärend aner Oppositiounsleaderen am Belarus am Prisong sinn.

D’Europäesch Unioun huet scho Sanktioune géint héich politesch Acteure vum Regime imposéiert.

« Dës Lëscht muss méi laang gemaach muss ginn, fir jiddereen drop ze setzen dee géint d’Mënscherechter verstéisst. Och wirtschaftlech Konsequenze misste kommen. »

Zënter 1994 huet den Alexander Lukashenko eng zort inoffiziell Ofmaachung mat der Bevëlkerung gehat. Staatlech Entreprisen, déi de Groussdeel vun der Wirtschaft am Belarus ausmaachen, garantéieren de Leit eng Aarbecht, an am Géigenzuch gëtt bei der autoritärer Staatsféierung ewech gekuckt. D’Demonstratiounen hunn déi Ofmaachung gebrach, genausou wéi de Fait dass de Belarus a sérieux’e wirtschaftleche Schwieregkeete stécht.

« Et mussen och nei ekonomesch Moossnamen geholl ginn géint de Regime vum Lukashenko. Sie musse wéidoen. Vill Firmen si Staatsfirmen an dat ass den enke Krees dee wierklech vum Lukashenko profitéiert. An do kann e Boykott absolut sënnvoll sinn, well en dozou ka feieren dat déi Leit sech dann och vum Lukashenko distanzéieren. »

Ech schwätzen och vun der Responsabilitéit vun Entreprisen déi dem Regime hëllefen, zum Beispill andeems si den Internet ausschalte wann d’Regierung dat wëll. Och Europäesch Entreprisë wieren un der Ënnerstëtzung vum Alexander Lukashenko bedeelegt.

« Da ginn et och eng Rei Firmen déi am Gaangen sinn de Regime an hirer Ënnerdréckung vun der Oppositioun ze ënnerstëtzen. Zum Beispill am Beräich vun der Kommunikatioun, déi den Internet net méi zur Verfügung stellen. A vill vun deene Firmen sinn och Europäesch Firmen. An do soll een scho wëssen wei eng Positioun si am Belarus anhuelen, well hei gëtt wierklech géint Mënscherechter gewierkt. »

Ee groussen Exodus vu Leit déi Belarus verloosse gëtt et bis ewell nach net, ganz oft well déi finanziell Moyen’en fir an aner Europäesch Länner anzereese feelen. Hei misst ee Studenten hëllefen, zum Beispill iwwert den Erasmus-Programm, fir dass se hier Studien an Europa kéinte virufueren.

« Mir sollen och kucken ob mir net kennen de Studenten déi aus den Unien ausgeschloss gi sinn, well si géint de Regime protestéiert hunn, d’Méiglechkeet ginn hei an Europa zum Beispill am Kader vum Erasmus Programm, hier akademesch Joren weiderzefeieren. »

D’Europäesch Unioun huet scho Sanktioune géint héich politesch Acteure vum Regime imposéiert.

D’Demonstratioune géint de Regime vum Alexander Lukashenko am Belarus gi virun. D’Europäesch Unioun diskutéiert nei Sanktiounen, déi dës Kéier och ekonomesch kéinte sinn.

De ganzen Artikel vum Bill Wirtz fannt Dir hei op RTL.

Votre commentaire

Entrez vos coordonnées ci-dessous ou cliquez sur une icône pour vous connecter:

Logo WordPress.com

Vous commentez à l’aide de votre compte WordPress.com. Déconnexion /  Changer )

Photo Google

Vous commentez à l’aide de votre compte Google. Déconnexion /  Changer )

Image Twitter

Vous commentez à l’aide de votre compte Twitter. Déconnexion /  Changer )

Photo Facebook

Vous commentez à l’aide de votre compte Facebook. Déconnexion /  Changer )

Connexion à %s

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur la façon dont les données de vos commentaires sont traitées.