11.11.2020Luxembourg

D’Europaparlament begréisst ganz breet d’Resultater vun den amerikanesche Walen:
se sinn am Interêt vun der Europäescher Unioun!

1) Ën Joe Biden als President vun de Vereenegten Staaten léisst besser Relatiounen mat Europa erhoffen. Ëm President Trump seng Positiounen si géingt eng staark Europäesch Unioun gaangen (cf seng Befürwortung vum Brexit).

2) Mir erhoffen méi Influenz vun demokrateschen- an Mënscherechtsnormen um internationale Niveau. Ënnert dem President Trump huet Amerika sech aus der internationaler Scène erausgezunn, a China d’Plaaz iwwerloos.

3) D’Protektioun vun onsem Planéit steet besser do mat engem Joe Biden deen Amerika zeréck an d’ Paräiser Accord’en zum Klimaschutz brenge wëllt. All dëst stäerkt ons transatlanteschen Relatiounen! D”Trump-Joeren” an di grouss Polarisatioun vun der Amerikanescher Gesellschaft hunn ons awer och geléiert dat Europa gläichzäiteg och muss e starken onofhängegen Acteur op der internationaler Scène ginn an och seng Sécherheet selwer garantéieren kënnen.

De 4. November, den Dag no der US-Presidentschaftswal gouf am Kontext vun engem EU-Talk – organiséiert vun dër Représentation permanente zu Lëtzebuerg – d’Resultat vun der US-Wal souwéi déi zukünfteg Erausfuerderungen fir d‘EU diskutéiert.

D’Opnam vum EU-Talk fannt Dir am folgende Video.

Votre commentaire

Entrez vos coordonnées ci-dessous ou cliquez sur une icône pour vous connecter:

Logo WordPress.com

Vous commentez à l’aide de votre compte WordPress.com. Déconnexion /  Changer )

Photo Facebook

Vous commentez à l’aide de votre compte Facebook. Déconnexion /  Changer )

Connexion à %s

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur la façon dont les données de vos commentaires sont traitées.