3.10.2020 – Interview mam Bill Wirtz

« Ech verstinn net firwat den Lukashenko – deen mir net méi als President vun Belarus unerkennen – net ob der Sanktiounslëscht steet. Mir erkennen deen Mann net méi als Präsident un. Immunitéit ass net akzeptabel.« 

D’Staats- a Regierungscheffe vun deene 27 EU-Memberstaate sinn sech um EU-Sommet bei Sanktiounen géint Belarus eens ginn. Et sinn Sanktioune géint 40 Membere vum Regime vum Alexander Lukashenko am Belarus virgesinn. Géint de Lukashenko goufe keng Sanktiounen aktivéiert, obwuel d’Europäesch Unioun d’Walresultat vum 9. August net unerkannt huet.

« Dat ass den Problem vum Fonctionnement vum Conseil wou duerch d’Unanimitéitsreegel Blockaden entstinn an een Land eleng déi aner 26 Memberstaaten blockéieren kann. Wann mir wëllen dass Europa effikass gëtt, mussen mir an Froen Aussepolitik op een Majoritéitsvott goen.« 

D’Sanktioune konnte just am Europäesche Conseil beschloss ginn, well d’Zypern säi Veto net agesat hat. Den Inselstaat hat mat engem Veto gedréit, fir eng geschlossen Haltung géint d’Tierkei ze erzwéngen. D’Decisioun war schlussendlech, dass de Regime ënnert dem Präsident Erdogan mat klore Sanktiounen am Dezember gedreet kritt, wann hie bis dohinner keen Accord mat Zypern a Griicheland fonnt huet iwwer maritim Grenzen.

Den vollstännegen Artikel ass ënnert dem folgenden Lien opruffbar.



Votre commentaire

Entrez vos coordonnées ci-dessous ou cliquez sur une icône pour vous connecter:

Logo WordPress.com

Vous commentez à l’aide de votre compte WordPress.com. Déconnexion /  Changer )

Photo Facebook

Vous commentez à l’aide de votre compte Facebook. Déconnexion /  Changer )

Connexion à %s

Ce site utilise Akismet pour réduire les indésirables. En savoir plus sur la façon dont les données de vos commentaires sont traitées.