16.9.2020 – Interview mam Bill Wirtz
D’Europaparlament huet am September ausnamsweis Plenièren zu Bréissel gehaalen. Fir déi éischt Plenière stoung d’Aussepolitik um Ordre du jour.
Zanter der leschter Plenière ass vill geschitt, wouzou d’Parlament sech äussere kann. Ugefaange gouf mat der Tierkei, déi am Mëttelmier Sträit mat Griicheland an Zypern huet. D’Europäesch Unioun werft Ankara Provokatioune vir.
Ech hunn meng Analys en Dënschdeg gedeelt.
« Déi tierkesch Attitüd ass puer Provokatioun, esou wéi hir militäresch Aktiounen. Et muss ee sech d’Fro stellen, wat d’Tierkei an der Realitéit wierklech mat dëser Attitüd wéilt erreechen.
A mengen Aan, ass de President Erdogan a sengem Land a Schwiregkeeten an wëllt dofir e feindlecht Bild vun der Europäesch Unioun a sengem Land schaafen. Dat ass fir mech eng haapt Erklärung fir säin provokatorescht Verhalen. »
De ganzen Interview fannt Dir hei.